Kaarten API

D'GeoAPI ass eng Web-Plattform déi suwuel Daten wéi och Funktiounen bitt, fir geographesch Informatiounen an enger Kaart duerzestellen. Ähnlech wéi bei de Webservicen vum Geoportal kann een mat der GeoAPI Kaarten ablenden an éigene Websäiten. Obwuel naturgeméiss d'Funktiounen fir Dateveraarbechtung manner performant sinn wéi an "richtegen" GIS-Programmer, sinn trotzdem bestëmmten Requêten an Analysen méiglech. Eng webbaséiert GIS-Uwendung mecht et réicht richteg méiglech, fir geographesch Informatiounen, onabhängeg vun der benotzen Plattform, Hardware oder Plazm ze notzen. 

Ënnert  api.geoportail.lu  fannt Dir eng méi genau Beschreiwung vun eiser GeoAPI.

Wichtegen Hiweis: Wann Dir d'GeoAPI an Ären Applikatiounen wëllt benotzen, da maacht w.e.g. eng schrëftlech Demande beim Direkter vun der Administration du Cadastre et de la Topographie, a gitt w.e.g. och d'Server-Adress un, vun där aus Dir d'API wëllt accédéieren.