Wanderweeër fannen

Wanderweeër sinn een Deel vun den amtlechen Datesätz déi an engem extrae Kaarteportal integréiert goufen. Dëse Portal, deen an Zesummenaarbecht mat dem Tourismus-Ministère opgebaut gouf, kann erreecht ginn ënnert http://tourisme.geoportail.lu

Do gëtt et vill verschidden Daten, déi fir Touristen déi Lëtzebuerg besichen, interessant kéinte sinn, wéi et am Bild hei ënnen vum Layerkatalog ze gesinn ass:

LU_tourism_layers.png

Fir een interessante Wee fir Iech ze fannen, maacht deen Datelayer vun der Kategorie un deen Eech interesséiert. Klickt op d'Case fir dass sech déi Daten an der Kaart uweisen.

LU_tourism_nationalfootpaths.png

Gebraucht d'Sichfeld iwwert der Kaartefënster fir d'Kaart op déi gewënschten Adress, Uertschaft oder Regioun ze zentréieren.

Wann Dir ee bestëmmte Wee méi genau wëllt kenneléieren, klickt op seng Linn fir méi Informatiounen:

LU_tourism_sentiermoselle.png

Benotzt d'Héichteprofil-Funktioun oder den Download-Link mat dem sech d'Geometrie vum Wee iwwert GPX-File oder KML-File op Ären mobilen Apparat iwwerdroe léisst.

Fir weider Informatioune liest w.e.g. eis online Dokumentatioun.