Mesuragefichier bestellen

Ënnert engem digitalem Fichier vun enger Vermoossung gëtt an dësem Kontext eng Datei verstan, déi am Kader vun den Aarbechten bei enger offizieller Vermoossung duerch ee "géomètre officiel" entsteet, wann d'Moossdaten an geographeschen Informatiounssystemer verschafft ginn, fir d'Kadasterdaten ze aktualiséieren an fir Pläng ze produzéieren. Sou Dateien kënnen nëtzlech sinn fir Architekten oder Ingenieursbüroen déi Projeten op deenen Parzellen duerchféieren. D'Administration du Cadastre et de la Topographie bitt se am Moment an 2 Formaten un, nämlech am DWG-Format an am STAR-Format.

Fir sou Dateien ze bestellen, gitt w.e.g. an den Online-Shop vum Geoportal

Loggt Iech an mat Ärem Geoportal-Benotzernumm an dem entspriechenden Passwuert. Wann Dir nach keen Benotzerkonto beim Geoportal hutt, dann kënnt Dir hei och een opmaachen.

LB_shop_login.png

Dono kommt Dir an den Bestellprozess, wou Dir fir d'éischt d'Kategorie wielt ("Spezifescht Produkt") ....

LB_shop_etape1_categories.png

... an de Produkt ("Datei vun enger offizieller Kadastervermoossung") :

LB_shop_etape2_moosserei.png

Uschléissend kënnt déi 2. Etape am Prozess, wou Dir d'Moosserei musst erauswielen. Déi allgemeng Approche geet do iwwert d'Auswiel vun der betraffener Parzell (oder vu méi Parzellen). Dir kënnt z.B. am Sichfeld eng Adress aginn fir bei déi gesichte Parzell ze kommen an der Kaart:

LB_shop_etape2b_search_adress.png

Aktivéiert d'graphesch Selektioun mam Knäppchen uewe lénks a klickt op d'Parzell déi Iech interesséiert (oder zitt mat der Maus ee Rechteck iwwert méi Parzellen, wann et der vill sinn):

LB_shop_etape2c_graphicselect.png

Dann sicht de Geoportal déi Mesurage-Dossieren déi fir déi selektionéiert Parzellen do sinn a weist se, mat hirem Dateformat an der Lëscht un. Dir kënnt dorausser eng oder méi Dateie wielen duerch Duebelklick :

LB_shop_etape2d_select_mes.png

Well et nitt garantéiert ass, dass eng Datei och Ärem Besoin gerecht gëtt (well z.B. eventuell nitt all Grenzen oder Gebaier déi Iech interesséieren doranner enthale sinn), gëtt et eng "Preview-Funktion", bei däer Dir den Inhalt vum Dossier vereinfacht ugewise kritt. Klickt dofir op den Dossier mam rietse Mausknäppchen, a wielt "Preview".

Alternativ zur Sich vun de Moossereien iwwert hir Parzell / Adress, ass et och méiglech fir eng Moosserei direkt ze fannen mam Numm vun der ("Kadaster"-)Gemeng an der Moossereinummer. Dofir sinn op der lénker Säit éige Felder virgesinn.

Wann Dir sou Är Dossieren erausgewielt hutt, kënnt Dir mat der Bestellung weiderfueren mat deenen nächsten Etappen, sou wéi soss och am Geoportal-Shop.

Falls et sech erausstellt dass fir Är Parzellen keng Dossieren bestinn, da kann et eventuell wichteg sinn, fir ee "géomètre officiel" kommen ze loossen fir d'Grenzen ze abornéieren, den Terrain opzemoossen an ee Plang ze maachen, wou d'Grenzen vun der Parzell genau festgeluecht ginn.