Katalogen

Daten Katalog

Bliedert duerch dëse Katalog fir Iech am Detail ze informéieren iwwert déi sëlleche Geoprodukter déi vun den Ministèren, Administratiounen an aneren ëffentlechen Déngschter ugebuede ginn.

Open Data Katalog

Den Open Data Katalog enthält sëlleche oppen Daten vun der Kadaster Administratioun, souwéi vun Ministèren, Administratiounen an aneren ëffentlechen Déngschter.

Webservicer

D'Webservicer sinn ee ganz modernen Wee fir Geodaten ënnert Partner ze delen an se sou an distant GIS-Systemer ze integréieren. Am lëtzebuerger Geoportal hu mir 4 Kategorien vun Webservicer virgesinn, déi alleguer konform sinn mat den Spezifikatiounen  WMS (web map server) respektiv WFS (web feature server) vum OGC:

  1. wsetat.geoportail.lu - exklusiv fir de Staatsréseau
  2. wssec.geoportail.lu - accessibel um Internet mee sécuriséiert iwwert Authentifikatioun a weider Mëttel
  3. ws.geoportail.lu - dës Webservicer si fräi benotzbar um ganzen Internet
  4. wsinspire.geoportail.lu - Webservicer déi Daten offréieren déi konform sinn mat der Direktiv INSPIRE

INSPIRE Daten

INSPIRE ass ee Projet vun der Europäescher Kommissioun fir eng europäesch Geodateninfrastruktur opzebauen. Dëse Katalog enthält all national amtlech Daten déi ënnert d'INSPIRE Direktiv falen. Hien existéiert just op Englesch.