Wat ass INSPIRE?

INfrastructure for Spatial InfoRmation in Europe – INSPIRE

D'europäesch Gemeinschaft huet een ambitiéise Projet lancéiert fir am europäesche Raum eng gemeinschaftlech Infrastruktur vun Geodaten opzebauen. Dës Infrastruktur, déi allgemeng ënnert dem Numm INSPIRE (fir INfrastructure of SPatial InfoRmation in Europe) bekannt ass, betrëfft an der Haaptsaach Daten déi eng Bedeitung hunn fir d'Emweltproblematik. Legal ass dës Initiativ an der  Richtlinie 2007/2/EG vom 14. März 2007 des Europäischen Parlaments und des Rates vom 14. März 2007 zur Schaffung einer Geodateninfrastruktur in der Europäischen Gemeinschaft (INSPIRE) verankert, déi den 15. Mee 2007 a Kraaft getrueden ass an den 26. Juli 2010 an nationaalt Recht ëmgesat gouf.

Déi fundamental Iddi hannert INSPIRE ass déi vun engem Netz vun nationale Infrastrukturen, déi vun deenen eenzelnen Memberstaten obgebaut a bedriwwe ginn. Den Text vun der Direktiv spezifizéiert insgesamt 34 Themen vu Geodaten, déi an 3 Annexen opgedeelt sinn. Fir all Datesaz gëtt et och nach sougenannt "data specifications", also technesch Dokumenter, déi am Detail d'Struktur an den Datemodell vun de verschiddenen Datesätz festleen. Weider legal bindend Texter sinn déi sou genannt "implementing rules", déi am Detail soen wéi d'Infrastruktur konkret op nationalem Niveau realiséiert muss ginn. D'Ziel dohannert ass fir ze garantéieren, dass déi national Maillonen kompatibel sinn mat deenen aneren, an ouni technesch Problemer direkt kënnen benotzt ginn duerch déi verschidden Servicer vun der Communautéit, virun allem a Kontexter déi sech regional an iwwert national Grenzen hinaus ausdehnen. Des Regelen betreffen déi Haaptdomainen vun der Infrastruktur, deen vun den Metadaten (beschreiwend textuell Informatiounen iwwert Daten an Servicer), d'Daten an hir Servicer, oder d'Prozedur vum Monitoring an Reporting. Et gëtt um Niveau vun der Europäescher Kommissioun een offizielle Comité (INSPIRE Committee), an deem och ee Lëtzebuerger Vertrieder dobäi ass, deen d'Kommissioun bei der Opstellung vum legale Kader vun der Direktiv ënnerstëtzt (Komitologie Prozess).

D'Obligatiounen déi sech aus dëser Direktiv erginn sinn zahlreich, an si hunn ee groussen Impakt op d'Ministèren a Verwaltungen déi Geodaten hunn, produzéieren an ënnerhalen, déi fir den Ëmweltberäich vu Bedeitung sinn.

D'Direktiv huet eng strikt Agenda opgestallt no där d'Memberstaaten mussen

  • all Jor d'Kommissioun iwwert existéierend Geodaten déi an de Kader vun der Direktiv passen informéieren
  • Metadaten iwwert dës Geodaten rédigéieren, ënnerhalen an liwweren
  • eng national Infrastruktur op d'Been stellen déi capabel ass fir déi Geodaten am Kader vun der Direktiv un d'europäesch Instanzen ze liwweren
  • Geodatesätz maachen, ënnerhalen a liwweren, genau sou wéi dozou gehéireg Servicer, fir all d'Themen déi virgesi sinn

Zu Lëtzebuerg huet d'Regierung an hirer Sitzung vum 25. Juli 2008 décidéiert dass sou eng national Geodateninfrastuktur (infrastructure luxembourgeoise de données géographiques - ILDG genannt) sollt geschaf ginn, an huet d’administration du cadastre et de la topographie (ACT) domatter beoptragt fir dat technesch, op Basis vum Geoportal, deen dunn schonns existéiert huet, ëmzesetzen. An där selwechter Décisioun ass och ee Comité an d'Liewe geruff ginn, deen, ënnert der Ledung vun  engem Beamten vun der ACT, des Infrastruktur zesummen mat alle Partner sollt geréieren. Bei der Kadasterverwaltung ass een neien Service opgeriicht ginn, deen de Geoportal an all séng Uwendungen entwéckelt an ënnerhällt, an deen d'Partner a Froen vun Geodaten an hire Projeten ënnerstëtzt, an och aktiv matschafft an der Hierstellung a Manipulatioun vun Geodaten. Zu den Aarbechten gehéieren och de suivi technologique, d'Aarbecht mat den techneschen Spezifikatiounen vun INSPIRE, d'deeglech Gestioun vum Geoportal and der ILDG.

Ee Beamten vum Service Geoportal ass den offiziellen nationalen Kontakt fir d'Kommissioun an där Matière.

Alleguer d'Daten an Informatiounen déi vu Lëtzebuerg am Kader vun INSPIRE publizéiert ginn, fannen sech an engem speziellen Ënnerportal, deen just op Englesch ass:

Am dësem Ënnerportal kann een also all déi Daten fannen déi vun nationaler Säit fir INSPIRE zur Verfügung gestallt ginn.