Loftbiller uweisen

Déi einfachste Manéier fir déi offiziell Orthophotoen (Loftbiller) ze kucken, ass dem Geoportal seng Kaartefënster.

LU_map_ortho.png

Dir kënnt d'Sichfeld iwwert der Kaartefënster benotzen fir d'Kaart op eng bestëmmten Plaz ze dirigéieren. Zum Beispill kënnt Dir een Deel vun enger Adress antippen an dann aus der proposéierter Lëscht vu Resultater wielen.

Opgepasst: wann Dir d'Parzellen vum Kadasterplang (plan cadastral numérisé) umaacht, gëtt d'Loftbild am Hannergrond ausgeschalt. Dat huet domatter ze dinn well déi sou Donnéeën geometresch nitt openeen passen, a mir falsch Interpretatiounen wëlle vermeiden.

Wann Dir interesséiert sidd fir eventuell eng oder méi Kachelen aus der Orthophoto-Datebank ze kafen, benotzt w.e.g. den Online-Shop vum Geoportal.