Eng Kadasterparzell fannen

Déi einfachste Manéier fir eng Kadasterparzell ze fannen an ze identifizéieren, ass, dem Geoportal seng Kaartefënster ze benotzen, an do d'Kadasterparzellen unzeweisen Kaartefënster mat Parzellen

LU_map_generalview_parcels

Dir kënnt d'Sichfeld iwwert der Kaartefënster benotzen fir d'Kaart op eng bestëmmten Plaz ze dirigéieren. Zum Beispill kënnt Dir een Deel vun enger Adress antippen an dann aus der proposéierter Lëscht vu Resultater wielen. Sou fannt Dir eng Parzell iwwert hir Adress.

LU_map_parcel_layer_added_search_address.png

Wann Dir vun enger Parzell hir komplett Parzellen-ID kennt, oder och just d'Parzellenhaapt- an -ënnernummer, da kënnt Dir domatter och datselwecht Sichfeld benotzen.D'Sichmaschinn weist eng Lëscht mat Resultater wourauser Dir wiele kënnt andeems Dir drop klickt.

Dir kënnt iwwregens och ëmmer an eng Parzell an der Kaart klicken fir Informatiounen iwwert d'Parzell ze kréien:

LU_map_parcel_info.png